Cours fir Organisten Januar 2008
2 pages
Deutsch

Cours fir Organisten Januar 2008

-

Le téléchargement nécessite un accès à la bibliothèque YouScribe
Tout savoir sur nos offres
2 pages
Deutsch
Le téléchargement nécessite un accès à la bibliothèque YouScribe
Tout savoir sur nos offres

Description

Rezept für ein gutes neues Jahr Man nehme: 12 Monate - putze sie sauber von Bitterkeit - Geiz - Angst und Neid und zerlege jeden Monat in 30 oder 31 Teile, sodass der Vorrat genau für 1 Jahr reicht. Just e Wuert Jeder Teil einzeln angerichtet aus 1 Teil Wéi d’Zäit vergeet: Elo hu mir schonns dat lescht Blat vum Kalenner 2007 Arbeit und 2 Teilen Frohsinn und Humor. erofgerappt a mir hun äis och schonns un dat neit Joer 2008 gewinnt. Am Numm vom Comité Central a vun der Delegéierteversammlung wënsche mir eise Chéier, Man füge 3 Esslöffel Optimismus hinzu, 1 Teelöffel Toleranz – hire Memberen an hire Familljen fir 2008 nëmmen dat Allerbescht, besonnesch 1 Körnchen Ironie- 1 Prise Takt und 1 Gramm Gottvertrauen. eng ganz gutt Gesondheet, Gléck, Zefriddenheet an Erfolleg am Privaten an am Dann wird die Masse sehr reichlich mit Liebe übergossen. Berufflechen, mee och am Chouer. De Piusverband huet déi lescht Zäit net einfach eriwwer goe gelooss, mee am Interessi vun senge Chéier ganz vill Das fertige Gericht schmücke man mit einem Sträußchen kleiner geschafft, besonnesch wat eng Parti Neierunge fir 2008 an doriwwer eraus ugeet, Aufmerksamkeiten und serviere es täglich mit Heiterkeit. déi mir hei kuerz virstelle wëllen. Dazu passt 1 Glas guter, würziger Wein F.K. Roby ZENNER President vum Piusverband 39. Generalversammlung D’Generalversammlung vum Piusverband gëtt dëst Joër samschdes, den 2. Februar 2008, nomëttes um ...

Informations

Publié par
Nombre de lectures 113
Langue Deutsch

Extrait

Rezept für ein gutes neues Jahr
Man nehme:
12 Monate - putze sie sauber von Bitterkeit -
Geiz - Angst und Neid und zerlege jeden
Monat in 30 oder 31 Teile, sodass der Vorrat
genau für 1 Jahr reicht.
Jeder Teil einzeln angerichtet aus 1 Teil
Arbeit und 2 Teilen Frohsinn und Humor.
Man füge 3 Esslöffel Optimismus hinzu, 1 Teelöffel Toleranz –
1 Körnchen Ironie- 1 Prise Takt und 1 Gramm Gottvertrauen.
Dann wird die Masse sehr reichlich mit Liebe übergossen.
Das fertige Gericht schmücke man mit einem Sträußchen kleiner
Aufmerksamkeiten und serviere es täglich mit Heiterkeit.
Dazu passt 1 Glas guter, würziger Wein
F.K
.
Just e Wuert
Wéi d’Zäit vergeet: Elo hu mir schonns dat lescht Blat vum Kalenner 2007
erofgerappt a mir hun äis och schonns un dat neit Joer 2008 gewinnt. Am Numm
vom Comité Central a vun der Delegéierteversammlung wënsche mir eise Chéier,
hire Memberen an hire Familljen fir 2008 nëmmen dat Allerbescht, besonnesch
eng ganz gutt Gesondheet, Gléck, Zefriddenheet an Erfolleg am Privaten an am
Berufflechen, mee och am Chouer. De Piusverband huet déi lescht Zäit net
einfach eriwwer goe gelooss, mee am Interessi vun senge Chéier ganz vill
geschafft, besonnesch wat eng Parti Neierunge fir 2008 an doriwwer eraus ugeet,
déi mir hei kuerz virstelle wëllen.
Roby ZENNER
President vum Piusverband
39. Generalversammlung
D’Generalversammlung vum Piusverband gëtt dëst Joër samschdes, den 2.
Februar 2008, nomëttes um halwer 3, am Lycée Robert-Schuman um
Lampertsbierg ofgehalen. D’Festreferat gëtt gehale vum Abbé Claude Bache,
eisem „Conseiller ecclésiastique“, iwwert d’Thema „D’Motu Proprio vu Roum a
seng Bedeitung fir eis Kichechéier: Wat ännert sech duerch déi erweidert
Zouloossung vun där virkonziliärer Form vun der Massfeier?“
.
Eis Organisten an der Philharmonie
Endlech ass et esou wäit: Eise Projet ënnert dem Numm „Eis Organisten an der
Philharmonie“ geet elo iwwer d’Bühn, an zwar samschdes, de 16. Februar 2008,
nomëttes vun 3 Auer un, an der Philharmonie. 9 vun eisen Organisten hu sech
mat ganz flotte Programmer ugemellt. Den Entrée ass fräi, an no all Optrëtt vun
engem Organist gëtt eng kleng Paus gemaach, da kënnen déi eng Leit eraus an
déi aner eran.
Jugendmass
De Comité Central vum Piusverband huet an Zesummenaarbecht mat de „Young
Nightingales“, dem Jugendchouer vun de „Bouneweger Nuechtigailercher“, eng
Jugendmass organiséiert. Si gëtt samschdes, de 26. Januar 2008, owes um
halwer 7, an der Porkierch zu Bouneweg vum Här Dechen Léon Wagener
gehalen. D’„Nightingales“ sti mat engem ganz flotte Programm ënnert der
Leedung vun der Madame Pascale De Carolis-Philippy, um Keyboard begleet de
Paul Philippy.
Hei ass de Programm: Quand s’éveilleront nos coeurs (Scouarnec/Akepsimas);
Pardon, je t’ai dit non (Bourel/Valentin); Gloire à Dieu (Klinguer/ Arr. Philippy);
Alleluia (Kobi Oshrat/Jourdan; Eurovision 1979); Saint le Seigneur (Mélodie: Oh
when the Saints, Arr. Philippy); Laisserons-nous à notre table; Papp am Himmel
(Lüderitz); Donne la paix; I’ve got a Feeling (Lorenz Maierhofer); Tu sei la mia vita
(Sequeri); Rock a my Soul.
De Comité Central vum Piusverband freet sech iwwer dës ganz gutt
Zesummenaarbecht an invitéiert Iech ganz häerzlech mat Ärer Famill an déi
Mass, déi äis weise wäert, wéi schéin a feierlech och eng Jugendmass ka sinn.
VI. Concert National
Knapps ass de V. Concert National mat groussem Erfolleg eriwwer –
d’Philharmonie war souzesoen bis op déi lescht Plaz besat – a schonns kënnegt
sech dee VI. Concert National un: d’Chorale Sainte-Cécile vu Biergem-
Steebrécken-Wickréng ënnert der Leedung vum Claudette Zeimes trëtt freides,
de 5. Dezember 2008, owes um 8 Auer, am Sall vun der Musique de Chambre an
der Philharmonie am Kader vun eise Concertë „Fräiraim“ mat engem schéine
Concert vu russescher Musik op.
Nei Dekoratioun: 60 Joer a méi
An Zesummenaarbecht mam Äerzbëschof vu Lëtzebuerg huet de Piusverband
eng nei Dekoratioun fir déi Membere vun eise Choralen agefouert, déi wéinstens
60 Joer Activitéit opzeweisen hunn. Grad wéi fir déi aner Auszeechnunge sollen
déi Leit op déi Lëscht geschriwwe ginn, déi mir de Choralë schécken, an da ginn
si vum Äerzbëschof op en Ëmfank invitéiert, op deem si en Diplom fir op d’mannst
60 Joer Mataarbecht kréien.
Prix d’encouragement
Ganz nei ass och de „Prix d’encouragement“, deen de Piusverband vun 2008 un
agefouert huet. Op Grond vun engem extrae Reglement siche mir all 3 Joer
Choralen, déi extra Initiativë fir d’Kierchemusik, de Kierchegesank, de Gesank
vun de Kanner an de Jugendleche geholl hunn. D’Choralen, déi an deem Fall
sinn, beschreiwen hire Projet kuerz op engem Ziedel, dee mir de Choralen
zouschécken. E Jury sicht dee beschte Projet eraus, dee mat engem Diplom a
mat 250 Euro belount gëtt.
Passioun 2008
Bekanntlech hat de Piusverband mat deem gréisste Projet an senger Geschicht,
der Passioun 2007, dee säi Beitrag fir d’Kulturjoer war, e ganz grousse Succès
mat bal 1500 Leit an deene 4 Kierchen. Dëst Joer gëtt d’Passioun ënnert liicht
ofgeännerter Form nach eng Kéier opgefouert, an zwar sonndes, de 16. Mäerz
2008, nomëttes um halwer 4, an der Dekanatskierch zu Réimech an den Dag
drop, méindes, de 17. Mäerz 2008, owes um 8 Auer, an der Kierch zu
Baaschtnech (Bastogne) an der Belsch, an net wéi schonns ugekënnegt an der
Kierch zu Arel (Arlon).
40. Anniversaire vum Piusverband
D’nächst Joer, 2009, feiert de Piusverband säi 40. Anniversaire. D’Virbereedunge
fir déi bescheide Feiere lafen elo schonns op Héichtouren. Si gesi virun allem
d’Éditioun vun enger Spezialnummer vum „Canticum Novum“ an zwee apart
Concertë vir.
  • Univers Univers
  • Ebooks Ebooks
  • Livres audio Livres audio
  • Presse Presse
  • Podcasts Podcasts
  • BD BD
  • Documents Documents